Moien.
Mir hu gutt Noriichte fir iech:
Heimadder invitéiere mir als LBE Asbl all Jonker am Alter vu 16 Joer bis ca. 30 Joer op den LBE Jugenddag den 18. Oktober 2025 vu 15:30-19:00 Auer zu Lëtzebuerg, 22, Rue du Laboratoire, L-1911 Bonnevoie-Nord-Verlorenkost Luxembourg.
Mir treffen eis um 15:30 Auer a wëlle mat iech zesummen iwwert de Glawen u Gott schwätzen, iwwert d’Liewen, Zäit mateneen hunn, bieden an eppes zesummen iessen.
Offiziell ass um 19:00 Auer de Schluss, mee et gëtt nach Méiglechkeet, fir déi wou interesséiert sinn, zu engem Prayerowent fir Lëtzebuerg ze goen.
Wann dir wëllt beim Jugenddag den 18. Oktober 2025 derbäi sinn, da mellt iech wgl. ënnert info@lbe.lu bis den 10. Oktober 2025 un. Villmools Merci! Mir freeën eis op iech!
An da kënnt dir iech och scho follgenden Datum an ärem Kalenner reservéieren:
De 14.-16. August 2026 wäert deen 2. LBE Jugendcamp stattfannen – méi Infoen dozou fannt dir an den nächste Méint op www.lbe.lu
Mir si scho gespaant op déi Zäit mat iech!
Bericht LBE Jugendcamp:
Vom 15.-17. August 2025 war das 1. LBE Jugendcamp: 19 junge Menschen von 16-30 Jahren und einige extra Gäste hatten eine gute Zeit zusammen, haben über das Evangelium und die Evangelisation in Luxemburg nachgedacht und haben Evangelisation auch praktisch umgesetzt.


