Konferenzen

Déi nächst Konferenz ass den 13. Mäerz 2027.

Umellen: info@lbe.lu

vergaange Konferenze

2025

Den 29. Mäerz 2025  war déi 2. Konferenz vun der “Lëtzebuerg brauch d’Evangelium” Beweegung (LBE A.s.b.l) zu Consdorf. Méi wéi 130 Vertrieder vu méi wéi 15 protestantesche Gemeinschafte vu Lëtzebuerg a vu méi wéi 15 chrëschtlechen Organisatioune vu Lëtzebuerg an dem Ausland ware representéiert. Déi 2 Haaptriedner koumen aus Wales an aus Spuenien ugereest. Virträg goufen op Lëtzebuergesch an Englesch gehalen an op 4 Sproochen iwwersat (Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch). Zil vun der Konferenz war, zesummen driwwer nozedenken, wéi een de Lëtzebuerger vum Jesus an der Bibel kann erzielen. 

2024

Den 10. Februar 2024 war et souwäit:  Déi éischt Konferenz vun der Beweegung “Lëtzebuerg brauch d’Evangelium” huet um Scheedgen stattfonnt. Méi wéi 120 Vertrieder vu méi wéi 15 protestantesch Gemeinschaften vu Lëtzebuerg ware representéiert.  Munch Riedner waren aus Däitschland a souguer aus Wales an aus den USA ugereest. Virträg goufen op Lëtzebuergesch gehalen an op 4 Sproochen iwwersat (Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch). Et war en Dag, wou ee vill konnt léieren a vill nei Leit begéinen. E ganz besonneschen Highlight op der Konferenz war dat gemeinsaamt Sange vu chrëschtleche Lidder op Lëtzebuergesch zur Éier vu Gott. Participante gounge motivéiert nees heem, mat dem Bewosstsinn, dass Lëtzebuerg d’Evangelium brauch!