Bild: https://www.quora.com/What-is-the-significance-of-the-Book-of-Ruth-in-the-Old-Testament

De Seminar vum Buch Rut op Lëtzebuergesch gëtt de Gemeinschafte zu Lëtzebuerg vun LbE ugebueden, fir si dobäi ze ënnerstëtzen, ee lëtzebuergeschsprooche Grupp an hirer Gemeinschaft unzefänken.

Et ass och fir de lëtzebuergeschesproochege Leit ze hëllefen, déi lëtzebuergesch Terminologie ze léieren, esou datt si léieren, hire Glawen op Lëtzebuergesch auszedrécken a matdeelen zekënnen.

De Seminar ass a 5 Lektiounen vu je 3 Stonnen an 30 Minutten opgedeelt. No all Stonn gëtt eng Paus vu 15 Minutte gemaach.

Déi véier éischt Lektioune si je ee Kapitel vum Rut an déi lescht Lektioun geet ëm déi praktescht Ëmsetzung vu munche Léieren, déi am Buch Rut ze fanne sinn.

Dat ganzt Material fir de Seminar gëtt de Participanten zur Verfügung gestallt.

Dat eenzegt, dat d’Participante maache mussen, ass ee Copyright an Dateschutz Ofkommes ënnerschreiwen, fir d’Iwwersetzungsaarbecht vun de Versen, déi am Seminar Rut gebraucht ginn, ze beschützen.

Déi Persoune vun enger Gemeinschaft, déi esou ee Seminar ubidde wëllen, sollen een E-Mail un kontakt@LBEvangelium.com schécken, an LbE kontaktéiert iech, fir de Seminar zesumme mat iech z‘organiséieren.

LbE freet sech iech esou ze begleeden an iech esou zur Säit ze stoen.

Ëm wat geet d‘Buch Rut?

D’Buch Rut ass net eng romantesch Geschicht tëschent dem Rut an dem Boas. Et widderspigelt vill méi dem Mënsch säi Liewen an d’Erausfuerderungen, déi esou am Liewe op Persounen duerkommen.

Baséiert de Mënsch seng Entscheedungen op Gott seng Léier oder net? Wat sinn d’Konsequenze vun hiren Entscheedungen an hirem Liewen an am Liewen vun hire Matmënschen?

Dëst Buch geet ëm d’Liewen a wéi Gott seng Léier gebraucht gëtt, fir aus enger kriddeleger, kniwweleger a quokeleger Situatioun, déi vum Ellimellech a senge Jonge verursaacht gouf, erauszekommen.

Gott gëtt a senger Léier ëmmer en Auswee, wa falsch Entscheedunge getraff ginn. D’Buch Rut  weist eis, wéi feelerhaft Behuele mat Gott sengem Wuert reparéiert ka ginn. Dëst Buch weist eis och, wéi déifgräifend d’Konsequenze kënne sinn, wa reparéiert gëtt. Gott seng Guttheet soll ustiechent sinn an de Mënsch dozou beweegen, och Guttheet ze weisen.

De Seminar vum Buch Rut geet déif an d’Bedeitunge vun den hebräesche Wierder an, fir ze gesinn an ze verstoen, wéi déif Gott säi Wuert ass. De Seminar ass drop opgebaut, datt d’Participanten keen Hebräesch kënnen.

Mir léieren, eis mat Gott senger Léier auserneen ze setzten a léieren esou Gott besser kennen.

Mir léieren, mat de Konsequenze vu falschen Entscheedungen eenz ze ginn, an een Unhaltspunkt ze kréien, wéi ee mat Gott sengem Wuert esou zerstéirend Konsequenze reparéiere kann.

Mir léieren, wat fir eng Persoun mir solle sinn, eng Persoun, déi aner Leit inspiréiert fir Guttheet ze weisen.