“Lëtzebuerg brauch d’Evangelium!“ ass eng Beweegung vu Chrëschten, deenen um Häerz läit, d’Evangelium de Lëtzebuerger op Lëtzebuergesch kloer a däitlech ze presentéieren. Déi Beweegung huet als Zil, datt vill lëtzebuergeschsproocheg Mënschen d’Evangelium vum Jesus héieren a verstinn, firwat de Jesus och si invitéiert huet, him nozegoen. Dës Beweegung ass kee Veräin an och keng formell Organisatioun. Si besteht aus Chrëschte mat ënnerschiddlechen Iwwerzeegungen, deenen hiert d’gemeinsaamt Zil et ass, d’Evangelium op Lëtzebuergesch de Lëtzebuerger matzedeelen.

D’Aktivitéite vun der Beweegung sinn:

  • Konferenze an d’Vernetze fir d’Evangelium zu Lëtzebuerg ze fërderen
  • D’Sammlung an d’Produktion vu Material op Lëtzebuergesch