Bericht Konferenz 2024:
Den 10. Februar 2024 war et souwäit: Déi éischt Konferenz vun der Beweegung “Lëtzebuerg brauch d’Evangelium” huet um Scheedgen stattfonnt. Méi wéi 120 Vertrieder vu méi wéi 15 protestantesch Gemeinschaften vu Lëtzebuerg ware representéiert. Munch Riedner waren aus Däitschland a souguer aus Wales an aus den USA ugereest. Virträg goufen op Lëtzebuergesch gehalen an op 4 Sproochen iwwersat (Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch). Et war en Dag, wou ee vill konnt léieren a vill nei Leit begéinen. E ganz besonneschen Highlight op der Konferenz war dat gemeinsaamt Sange vu chrëschtleche Lidder op Lëtzebuergesch zur Éier vu Gott. Participante gounge motivéiert nees heem, mat dem Bewosstsinn, dass Lëtzebuerg d’Evangelium brauch!
Firwat gouf et keng Workshope?
Mir wëllen eis bei deenen entschëllegen, déi sech op der Konferenz op d’Workshope gefreet hunn. Am Ufank hu mir zirka 50 Leit erwaart, mee mat den 120 Participanten, déi tatsächlech koumen, sinn d’Raimlechkeeten net méi duergaangen, fir Workshopen unzebidden. D’nächst Kéier maache mer besser!