Bericht Konferenz 2025:
Den 29. Mäerz 2025 war déi 2. Konferenz vun der “Lëtzebuerg brauch d’Evangelium” Beweegung (LBE A.s.b.l) zu Consdorf. Méi wéi 130 Vertrieder vu méi wéi 15 protestantesche Gemeinschafte vu Lëtzebuerg a vu méi wéi 15 chrëschtlechen Organisatioune vu Lëtzebuerg an dem Ausland ware representéiert. Déi 2 Haaptriedner koumen aus Wales an aus Spuenien ugereest. Virträg goufen op Lëtzebuergesch an Englesch gehalen an op 4 Sproochen iwwersat (Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch). Zil vun der Konferenz war, zesummen driwwer nozedenken, wéi een de Lëtzebuerger vum Jesus an der Bibel kann erzielen.